🌱 SELBSTVERSTÄNDLECH ASBL

"ZESUMMEN WUESSEN"

 Entdeckt eng dynamesch kreativ Gemeinschaft a Lëtzebuerg! Selbstverständlech ASBL ass eng Non-Profit Organisatioun, déi sech der Fërderung der kënschtlerescher Zesummenaarbecht an dem kulturelle Wuesstum gewidmet huet.

Fondéiert am Abrëll 2023 vun Chris Malget, Eric Bley an Leïla Marchal.

Ween mir sin

Eis Aktiounen


Selbstverständlech asbl engagéiert sech :

🎨  Promotioun vu lokale Kënschtler

🎤  Organisatioun vu Festivals, Evenementer & Ausstellungen

🌟  Fërderung vu kultureller Beräicherung

Eis Visioun


D'Konschtzeen zu Lëtzebuerg pushen, andeems mir eng Plattform fir d’alternativ Kënschtler bereetstellen.

Mir siche Locations a schafe Raum fir Kënschtler, fir zesummen ze schaffen, auszestellen, Workshops ze organiséieren, ze feieren an ze innovéieren.

Wuess mat eis mat!


Entdeck eis Evenementer, ënnerstëtz lokal Kënschtler a gëff Deel vun enger bléiender, kreativer Gemeinschaft.

OPDAKOPP FESTIVAL

3 Deeg elektronesch Musik, Konscht, Workshops a Spaass.

OpdaKopp Festival  - The 2nd Edition! Powered by Selbstverständlech asbl

Maach dech ready fir nächsten September eng extraordinärer Mëschung vu lokaler Kreativitéit an intergalaktesch Kläng ze entdecken, déi deng Horizonter erweideren wäerten. 

Tauch an an eisen elektronesch an hypnotesch Beats mat Psytrance, Electro, HighTech, Drum and Bass, Techno a vill méi! Infoe & Tickets:

Verbann deng Kreativitéit mat eiser!


Zesumme schaffe mir eng dynamesch Community wou d'Konscht a Collaboratioun  am Mëttelpunkt stinn. 


Kontaktéiert eis fir iwwert zukünfteg Collaboratiounen ze diskutéieren an zesummen d'Landschaft vun der Kultur zu Lëtzebuerg ze gestalten. 🌟




Permakultur DREEM

Kommt mat Selbstverständlech ASBL op d'Sich no engem dauerhaftem Terrain fir e Projet vu Permakultur a Konscht zu Lëtzebuerg!

Mir si op der Sich no enger Plaz fir een dauerhafte Projet ze realiséieren. Deelt Är Iddie mat oder maacht eng Spende fir eis an eisem Engagement ze ënnerstëtzen. Zesumme wuesse mir eng mei nohalteg a kreativ Zukunft.

Ee decke fetten MERCI un : Lauter Unfug - Neems - Namek - PipaPo - Jonn Happi - Charlie Ecko Delta - i&i - Camping Fuussekaul - Kulturministerium - un all de Kënschtler & Volunteers an un den ganzen OpdaKopp Team fir är mega Ënnerstëtzung fir den OpdaKopp 2023!

Selbstverständlech ASBL

Kontakt

Selbstverständlech ASBL 

[email protected]

Opdakopp Festival

Infos & Tickets : opdakopp.lu
[email protected]

Boîte Postale

25 Rue Albert 1er
L-1117 Luxembourg

Es gilt unsere Datenschutzerklärung.